У нас вы можете посмотреть бесплатно D'Keess op an d'Klacken eraus! или скачать в максимальном доступном качестве, видео которое было загружено на ютуб. Для загрузки выберите вариант из формы ниже:
Если кнопки скачивания не
загрузились
НАЖМИТЕ ЗДЕСЬ или обновите страницу
Если возникают проблемы со скачиванием видео, пожалуйста напишите в поддержку по адресу внизу
страницы.
Спасибо за использование сервиса ClipSaver.ru
http://itunes.apple.com/lu/album/dkee... Et sangen: Daniel Balthasar, Raquel Barreira, Gérard Bintener (Millermoaler), Shlomit Butbul, Ralf Haas (Convertibles), Lex Heyar (Moof), Sascha Ley, Marc Limpach, David Moreira (Eternal Tango), John Rech, Jonathan Reichling (Exemo), Gollo Steffen, Serge Tonnar (Legotrip) Et spillen: Rom Christnach (Bass), Eric Falchero (E-Piano), Misch Feinen (Schlogezei), Serge Tonnar (Gitaren) Opgeholl vum: Mike Butcher, Eric Falchero, Serge Tonnar Gemëscht vum: Mike Butcher Gemeeschtert vum: Alan Ward (Electric City) !!! All d'Kënschtler hunn op hiere Verdéngscht verzicht an de ganze Benefiss vum Verkaf geet un déi sozial Projete vun der Fondation Thierry van Werveke !!! Dons: Fondation Thierry van Werveke, IBAN LU75 0030 7810 7666 0000 D'Keess op an d'Klacken eraus! (Text a Musek: Serge Tonnar) 1 Hänn an d'Luucht an d'Klacken eraus, dat heiten ass en Iwwerfall A kuck net sou domm hannert dem Guichet eraus, soss lands de bei eis hannen an der Mall Där hutt all zevill Klacken um Konto A mär man iech elo e Stéck méi liicht D'Keess op an zwar e bësse pronto Eisem Goldsaak feelt et nach u Gewiicht 2 Esouvill Klacken braaucht där dach ni, dofir réckelt mol e ganze Pak eraus Gidd eis är Suen, mär braauche se ganz vive, a gi se fir e gudden Zweck aus Fir d'éischt gi mer e gudden Humpe knuppen (Ma prost, dann!) An da beim Stärekach un den Dësch gesat (Gudden Appetit!) Dono nach op d'Gare eng Portioun Buppen (Gromperen!) Där gesidd är Klacke gi gudd agesat Chorus Lo séier d'Keess op an d'Klacken eraus Gëff mol alles wat's de grad net braauchs Mat dengem Goss ma mär villes gutt Well mär sinn eppes wéi de Robin Hutt 3 Am décke Won hannert getéintem Glas, kritt een net mat wat dobaussen esou leeft Dofir klamm mol eraus a maach en Tour duerch d'Gaass, bei denge Frënn ass keen deen der et gleeft A wann däi schlecht Gewëssen dech da plot Den Johnny Chicago dee weess Dat Bescht ass du follegs eisem Rot A brengs eis e puer Klacke fir an d'Keess 4 A sinn deng Klacken da bei eis, da bass de gebeicht, den Herrgott verzeiht der all deng Sënnen Awer bleiws de drop sëtzen, a gëss eis guer näischt, dann ziels de gläich d'Blumme vun ënnen Dofir gëff dengem Häerz dach e Stouss Oder wëlls de ee vun eis op der Stir hunn Schéck eis e puer Klacken an e Grouss Da kënns de och mam Liewen dervunn Chorus Lo séier d'Keess op an d'Klacken eraus Gëff mol alles wat's de grad net braauchs Mat dengem Goss ma mär villes gutt Well mär sinn eppes wéi de Robin Hutt