У нас вы можете посмотреть бесплатно Ech sinn de Bommeleeër (live an der Kulturfabrik) или скачать в максимальном доступном качестве, видео которое было загружено на ютуб. Для загрузки выберите вариант из формы ниже:
Если кнопки скачивания не
загрузились
НАЖМИТЕ ЗДЕСЬ или обновите страницу
Если возникают проблемы со скачиванием видео, пожалуйста напишите в поддержку по адресу внизу
страницы.
Спасибо за использование сервиса ClipSaver.ru
Ech sinn de Bommeleeër (Musek & Wierder: Serge Tonnar) Lidd op iTunes kafen: https://itunes.apple.com/lu/album/ech... CD bestellen: http://www.maskenada.lu/index.php?sec... Live an der Kulturfabrik 1.4.2017 Tounmix: Nicolas Delépine Video: Wizart Luuchten: Marc Steichen LEGOTRIP Rom Christnach: Bass, Gesang Eric Falchero: Tasten, Gesang Misch Feinen: Schlogezei, Perkussioun, Gesang Serge Tonnar: Gittaren, Gesang MARIMBA & PERKUSSIOUN Boris Dinev BOMMELEEËR CHOUER Sopran: Catherine Sauer, Gaby Wolter-Boever, Karin Muller Alt: Astrid Majerus, Myriam Weisgerber, Carine Weicherding Tenouer: Raymond Majerus, Arend Herold Bass: Carlo Entringer, Manfred Logelin, Jean-Paul Majerus Ech sinn de Bommeleeër (stonnar 0216) 1 Héiers de mech kommen, ech kommen aus de Lächer geklommen Iwwer Land mat den Trommelen an iwwer Waasser geschwommen Ech si keen domme Jeeër, mee de Bommeleeër An ech komme fir ze sprengen deng Brécken an deng Weeër Well deng Brécken eis fécken a guer näischt iwwerbrécken An Deng Weeër ouni zécken eis just op den Holzwee schécken An et mécht kee Spaass méi, du verbreets just Haass, hey Dofir planzen ech meng Bommen an däi Gaart, do wiisst kee Gras méi Maache Plaz do, mam Polverfaass elo An et wuesse faarweg Blummen amplaz vun dengem Gras no Refrain Ech si keen domme Jeeër, mee de Bommeleeër An ech komme fir ze sprengen deng Brécken an deng Weeër Ech si keen domme Jeeër, mee de Bommeleeër Mee meng Bomme sinn sou faarweg ewéi Ouschtereeër 2 Du bass der sécher, dass du Här a Meeschter bass Du kënns der vir, Messiö, sou wéi en décke Prënz an engem Schlass An hannert der Fassad spiers du och heiansdo dat Onwuelt Gefill, ganz liicht, du häss op dat falscht Päerd gesat Du sëtz um ieweschte Stack, mee däi Gebai ass e Wrack An et kënnt elo gläich gesackt well d’Fundament ass scho Kack Do hëlleft jäizen net, an och d’Kräiz maachen net Wann d’Richterskala ausschléit packt dat och dee Räichsten net An da kënnt et wéi sou oft, ganz anescht wéi erhofft Wann s du mierks, leider ze spéit, Messiö, däi Schlass war just aus Loft 3 An ech si just de Buet, ech liwwere just hei d’Wuert Och mat Sprengstoff bis dee leschten et verstanen huet A firwat kräischs du elo, ech hunn der näischt gedoen Wéi ech der deemools d’Hand wollt ginn, do hues du drop geschloen Du kanns jo net verstoen, wa Leit der eppes soen Dofir gouf ech geschéckt mat Bomme fir dech fort ze joen Du hannerléiss eng Wull a gees zeréck op Null Kriss nach eng Chance behuel dech just net wéi dee leschte Vull